
Bei de Weltmeeschterschaften am spuenesche Pontevendra stoung e Sonndeg mat der Hären Elitt Course den Ofschloss vun der WM um Programm.
An enger spannender Course an 1,5 Kilometer Schwammen, 40 Kilometer Vëlo an 10 Kilometer Lafen ass d'Entscheedung op de leschte Meteren am Sprint gefall. Um Enn setzt sech den Australier am Fotofinish no enger Stonn 39 Minutten a 31 Sekonne virum Portugis Vasco Vilaca duerch. Déi drëtte Plaz um Podium ass fir de Brit Alex Yee, op 4 Sekonnen.
De Lëtzebuerger Lucas Cambresy klasséiert sech op der 29. Plaz, mat 3 Minutten a 14 Sekonne Réckstand. Den Theo Marti huet d'Course missen opginn.
Déi zweete Plaz geet dem Vasco Vilaca duer fir seng Féierung am Generalklassement erfollegräich ze verdeedegen an domat fir eng éischte Kéier de WM-Titel an der "World Triathlon Championship Series" ze feieren. Selwer ass fir den Gewënner vun e Sonndeg, Matthew Hauser a Bronze fir den Ricardo Batista.
Bei den Damme geet den Titel un d'Cassandre Beaugrand. D'Jeanne Lehair gëtt dat 19.