Triathlon-WMCassandre Beaugrand wënnt Dammecourse, Jeanne Lehair gëtt 19.

RTL Lëtzebuerg
Bei de Weltmeeschterschaften am spuenesche Pontevendra un der Atlantikküst gouf de Podium mat der Georgia Taylor-Brown an der Kate Waugh komplettéiert. D'Eva Daniëls koum als zweet Lëtzebuergerin op d'Plaz 44.
D'Eva Daniëls an d'Jeanne Lehair mam Nationaltrainer Cyrille Eple bei der Triathlon-WM am spuenesche Pontevedra.
D'Eva Daniëls an d'Jeanne Lehair mam Nationaltrainer Cyrille Eple (Mëtt) bei der Triathlon-WM am spuenesche Pontevedra.
© Bern Thill

No de Jugendkategorië war et e Samschdeg un den Dammen, fir d'Gewënnerin ze fannen. Mat der Cassandre Beaugrand kënnt dës aus eisem Nopeschland Frankräich. De Podium gouf vun den zwou Brittinnen Georgia Taylor-Brown (+ 1:05) an der Kate Waugh (+ 1:31) komplettéiert.

Mat der Jeanne Lehair an der Eva Daniëls war d'FLTri mat zwou Athleetinne vertrueden. D'Lehair konnt sech als 19. (+ 4:04) klasséieren, wärend 'Daniëls als 44. knapp aachtanhallef Minutt Réckstand op d'Gewënnerin hat.

D'Dammen hunn un der Atlantikküst vu Galicien 1.500 Meter Schwammen, 40 Kilometer Vëlo an 10 Kilometer Lafen hannert sech brénge mussen. Nom Schwamme louch d'Lehair op der 16. Plaz an d'Daniëls koum als 49. aus dem Waasser. No den néng Tier mam Vëlo duerch Pontevendra war d'Lehair op déi 32. Plaz zeréckgefall, wärend d'Daniëls sech e puer Plazen no vir (45) schaffe konnt.

Am Lafe konnt sech d'Jeanne Lehair nees no vir kämpfen, fir d'Kompetitioun als 19. ofzeschléissen. D'Eva Daniëls konnt hir Positioun verdeedegen.

Hei d'Placéierunge vun den anere Lëtzebuerger Athleeten:

Back to Top
CIM LOGO