Schi AlpinMatthias Mayer gewënnt Descente zu Lake Louise

RTL Lëtzebuerg
Den Éisträicher ka sech mat 0,23 Sekonne virum sengem Landsmann Vincent Kriechmayr d'Victoire sécheren.
© AFP

Damme waren e Samschdeg zu Killington beim Riseslalom am Asaz, iwwerdeems d’Hären den Owend zu Lake Louise am Asaz waren.

Wéi och schonn e Freideg stoung d’Course bei den Dammen ënnert kengem gudde Stär. Wéinst ze schlechte Bedingungen an ze vill Wand hunn d’Organisateuren d’Course no 9 StarterInne missen ofbriechen. E Sonndeg steet dann, soufern d’Wieder matspillt, de Slalom um Programm.

Bessert Wieder haten d’Hären zu Lake Louise. Hei kennen sech um Enn zwee Éisträicher déi zwou éischt Plaze sécheren. Matthias Mayer virum Vincent Kriechmayr. Déi leschte Plaz um Podium ass fir de Schwäizer Beat Feuz.

Back to Top
CIM LOGO