
De Lëtzebuerger Matthieu Osch gouf am éischte Laf vum Riseslalom e Freideg op der WM am Schi Alpin de 45. op iwwer 8 Sekonnen op de Leader, den Alexis Pinturault aus Frankräich.
An nom 2. Laf gouf et dunn d’Goldmedail fir de Fransous Mathieu Faivre, deen um Enn dovu profitéiert huet, datt den Alexis Pinturault, deen nom 1. Laf kloer vir war, net ënnen ukomm ass. De Faivre hat schlussendlech 63 Honnertstel Avance op de Luca De Aliprandini a 87 Honnertstel Virsprong op de Marco Schwarz.
De Matthieu Osch kënnt am Riseslalom op déi 31. Plaz ënner 60 Starter, déi sech fir d‘Haaptcourse qualifizéiert haten.
Aus Lëtzebuerger Siicht war de Matthieu Osch deen eenzege Vertrieder aus dem Grand-Duché, deen am Riseslalom un den Depart gaangen ass. An deen huet sech ganz gutt aus der Affär gezunn.
Nämlech mat enger 31. Plaz. 100 Athleten hate sech fir d’Haaptcourse e Freideg qualifizéiert. No der éischter Manche louch de Matthieu Osch nach op der 45. Plaz. An déi war Synonym mat der Qualifikatioun fir déi zweete Manche. De Lëtzebuerger huet an där näischt ubrenne gelooss a konnt sech nach no vir verbesseren.
Ech si mega zefridde mat deem Resultat. Leider sinn ech just 1 Zéngtel vun enger Top 30 ewech. An der zweeter Manche hat ech ee klenge Feeler an do hunn ech et warscheinlech leie gelooss. Wann awer ee mir gesot hätt, dass ech 31. géif ginn, hätt ech dat direkt ënnerschriwwen. Et ass dat bescht Resultat wat ech bis elo a menger Karriär hat.
D’Pist zu Cortina d’Ampezzo huet den Athleten alles ofverlaangt. D’Äisplacken hu villen Athleten ze schafe gemaach. De Matthieu Osch huet sech awer net iwwerrasche gelooss.
De Steilhang an ënnenaus deen éischten Deel waren extrem veräist. Ënnaus war et dunn e bësse méi einfach, do schéngt d’Sonn méi drop. Dat heescht, de Schnéi war méi mëll a méi fein ze fueren. Et war och een extrem laange Laf. D’Beschtzäit war 1 Minutt a 17 Sekonnen. Ech war bësse méi laang ënnerwee. D’Been déi ware schonns midd.
Um Samschdeg ass elo d’Qualifikatioun fir d’Haaptcourse am Slalom programméiert. No deem ganz gudde Resultat am Riseslalom ass d’Motivatioun beim Matthieu Osch do.
Eng gutt Quali ze fueren an hoffentlech an déi 25 eranzefueren. Fir dann ee gutt Gefill mat ze huelen an d’Haaptcourse e Sonndeg.
D’Slalom-Course um Sonndeg ass déi leschte Kompetitioun op der Weltmeeschterschaft zu Cortina d’Ampezzo.