Mat Waldhof MannheimMaurice Deville wëll sech den Dram vum Opstig an d'2. Bundesliga erfëllen

Franky Hippert
Tim Hensgen
An der 3. Liga an Däitschland steet Waldhof Mannheim mam Lëtzebuerger Nationalspiller aktuell op der 4. Plaz.
Maurice Deville wëll mat Waldhof Mannheim opsteigen
An der 3. Liga an Däitschland steet Waldhof Mannheim mam Lëtzebuerger Nationalspiller aktuell op der 4. Plaz.

Déi 3 éischt Matcher hunn d’Veräiner an der drëtter Däitscher Futtball-Liga hannert sech. Waldhof Mannheim mam Lëtzebuerger Nationalspiller Maurice Deville huet dobäi der zwee gewonnen an ee verluer. E Samschdeg war et eng 2:1-Victoire géint Viktoria Köln. An der Tabell steet Mannheim elo nees op der zweeter Plaz. Et bleiwen nach 8 Matcher ze spillen, bis d’Saison eriwwer ass.

Maurice Deville iwwer Reprise an 3. Liga / Rep. F. Hippert

Et huet domat ugefaangen, datt de Maurice Deville, wéi och all déi aner Spiller aus der drëtter Liga, sech laang individuell huet misse fit halen, an dunn huet e och scho quasi direkt misse prett sinn fir d’Matcher.

“Et war net esou einfach, sech fit ze halen. Et muss ee sech ëmmer nees motivéieren eleng an de Bësch lafen ze goen oder an der Wunneng um Spinningbike. Et ass awer gaange bei mir, ech hunn dat 7 bis 8 Wochen gemaach. Ech hunn awer och nach de Claude Origer gefrot eise Co-Trainer vun der Nationalekipp, fir en individuelle Plang. Ech sinn awer och frou, datt et nees lass gaangen ass.”

Fir datt iwwerhaapt nees gespillt ka ginn, mussen och an der drëtter Liga ausgeschaffte sanitär Mesuren agehale ginn:

Mir duschen zum Beispill net an de Kabinnen, mee doheem, a mir wäschen och eis Saache selwer. Mir kréien ëmmer d’Féiwer gemooss, mir kréien d’Fanger desinfizéiert. Mat der Zäit winnt ee sech drun.”

De 27 Joer ale Stiermer huet jo mëttlerweil och seng éischt Partien hannert sech.

“Am Ufank ouni Zuschauer war e bësse komesch, elo nom 1:0 bei Hansa Rostock hate mer eis dru gewinnt. Ech freeë mech elo op déi nächst Matcher an da setze mer alles drun, eisen Dram ze erfëllen, fir an d’zweet Liga opzesteigen.

Back to Top
CIM LOGO