Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMaurice Deville wiesselt op Sandhausen, Christopher Martins bei Spartak Moskau

RTL Lëtzebuerg
Den Deville spillt domadder an Zukunft an der 2. Bundesliga an Däitschland an de Christopher Martins am russesche Championnat.
© pressphoto (Archiv)

De Christopher Martins wiesselt vun de Young Boys Bern bei Spartak Moskau, dat huet de Veräin aus der Schwäiz e Méindeg den Owend offiziell matgedeelt. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet zwee an een halleft Joer fir d’Young Boys gespillt, ass mam Schwäizer Veräin zweemol Champion ginn an huet eemol d’Coupe gewonnen.

De Christopher Martins gëtt bis Enn der Saison u Spartak Moskau ausgeléint a gëtt da vum russesche Veräin kaaft. Den neie Kontrakt tëscht Moskau an dem Lëtzebuerger wäert dann iwwer fënnef Joer bis de Summer 2027 lafen.

Wéi d’Medien an der Schwäiz mellen, géif Spartak 10 Millioune Schwäizer Frang, dat heescht ronn 9,6 Milliounen Euro, fir den Transfert vum Lëtzebuerger Nationalspiller vu Bern op Moskau op den Dësch leeën. Domat wär de Martins deen deiersten Transfert an der Geschicht vum Lëtzebuerger Futtball.

Christopher Martins wiesselt bei Spartak Moskau
De Christopher Martins spillt vun elo un am russesche Championnat.

Spartak steet no 18 Spilldeeg just op der 9. Plaz an der Tabell, 15 Punkten hannert dem Leader Zenit. D’Reprise vum Championnat ass de 25. Februar.

Um leschten Dag vun der Wanter-Transfersperiod ass och de Maurice Deville vu Saarbrécken (3. Liga) bei den SV Sandhausen gewiesselt (2. Bundesliga). Wéi aus dem Schreiwes vum 1. FC Saarbrécken ervirgeet, hat de Lëtzebuerger gefrot, fir säi Kontrakt opzeléisen. Saarbrécken ass deem Wonsch nokomm an huet den FLF-Nationalspiller zéie gelooss.

Sandhausen steet aktuell op der Relegatiounsplaz.

Schreiwes 1. FC Saarbrécken

Maurice Deville wechselt nach Sandhausen

Am letzten Tag der Winter-Transferperiode gibt es eine letzte Veränderung im Kader von Drittligisten 1.FC Saarbrücken. Offensivspieler Maurice Deville hat heute einen Auflösungsvertrag unterschrieben und verlässt den FCS in Richtung Sandhausen. „Maurice hat uns um die Auflösung seines Vertrages gebeten. Wir haben seinem Wunsch entsprochen, sich beim SV Sandhausen für Einsätze in der 2. Liga zu qualifizieren.

Wir wünschen ihm viel Glück und Erfolg bei seiner weiteren Fußballkarriere”, so Sportdirektor Jürgen Luginger.

Back to Top
CIM LOGO