Englesche FuttballMauricio Pochettino gëtt neien Trainer beim FC Chelsea

RTL Lëtzebuerg
No méintelaanger Sich huet den FC Chelsea een neien Trainer fonnt.
© AFP

Dräi Trainer an enger Saison, d’Qualifikatioun fir déi europäesch Kompetitioune verpasst. Den FC Chelsea huet eng desastréis Saison hannert sech. Elo soll de Mauricio Pochettino de Veräin nees op de richtege Wee bréngen.

Den 51 Joer alen Argentinier huet ee Kontrakt fir zwee Joer ënnerschriwwen, mat Optioun fir e weidert Joer un der Stamford Bridge, dat huet de Veräin e Méindeg offiziell matgedeelt.

Als lescht hat de Frank Lampard de Veräin als Interimstrainer iwwerholl.

Back to Top
CIM LOGO