
Den 48 Joer alen Däitsche géing domat de Poste vum Markus Krösche, deen am Summer bei Eintracht Frankfurt gewiesselt war, iwwerhuelen. De Max Eberl soll allerdéngs eréischt den 1. Dezember bei Leipzig ufänken an dat obwuel den RB-Chef Oliver Mintzlaff sou séier wéi méiglech e Successeur wollt.
Borussia Mönchengladbach soll nach net ganz averstane sinn, well den Eberl nach e Kontrakt bei hinne bis 2026 huet.
D’Borussia kéint elo vu Leipzig eng finanziell Entschiedegung fuerderen.
No 13 Joer bei Mönchengladbach war den Eberl dëst Joer am Januar aus gesondheetleche Grënn zeréckgetrueden.