Veräin confirméiertMaxime Chanot wiesselt bei den AC Ajaccio
Et hat sech ugedeit, elo ass et offiziell. De Maxime Chanot wiesselt vun New York City FC op Ajaccio an déi franséisch Ligue 2.
Den 33 Joer ale Chanot huet déi lescht 7 Joer an der Major League Soccer an den USA gespillt. Den AC Ajaccio war déi lescht Saison aus der Ligue 1 erausgefall.