
Ënnert anerem déi franséisch Sportszeitung “L’Equipe” mellt, dass hien dem PSG dës Decisioun matgedeelt huet. Domadder wier de Spiller vum Summer 2024 un um Marché, dat ouni eng Ofléis. En Abschid schonn dëse Summer wier net auszeschléissen, sou kéint et op alle Fall nach an der Keess vum Club rabbelen.
Wéi et heescht, wier jo virun allem de spuenesche Rekordmeeschter Real Madrid staark um 24 Joer ale Spiller interesséiert.