Kuerf fir Real MadridMbappé verlängert bis 2025 bei Paris St. Germain

RTL Lëtzebuerg
Säin Transfert bei Real Madrid huet an der Woch scho sécher geschéngt, ma elo ass et awer anescht komm.
© AFP

De Kylian Mbappé bleift bei Paris St. Germain an huet säi Kontrakt beim franséische Champion verlängert. Domadder wiesselt hien also net bei de spuenesche Veräi Real Madrid.

Den 23 Joer ale Stiermer huet säi Kontrakt bis 2025 verlängert. Kuerz virum leschte Match vun der Saison géint Metz huet den Mbappé zesumme mam PSG-President Nasser Al-Khelaifi d’Decisioun um Wuess vum Parc de Princes bekannt ginn.

Wéi “Eurosport Spuenien” mellt, soll de PSG dem Mbappé 300 Milliounen Euro gebueden hunn - eleng fir säi Jo-Wuert. Donieft nach 100 Milliounen Euro netto am Joer.

Back to Top
CIM LOGO