Championnat am Cross-CountryMeeschtertitele ginn un de Yonas Kinde an d'Jenny Gloden

RTL Lëtzebuerg
De Kinde huet sech an enger spannender Course virum Gil Weicherding duerchgesat. D'Jenny Gloden war um Enn méi séier wéi d'Carole Kill op der 2. Plaz.

De Capa Ettelbréck huet dëst Joer de Cross-Championnat organiséiert. D’Hären hu knapp iwwer 10 Kilometer misse lafen. Bei den Damme war d’Streck ronn 5,5 Kilometer laang.

De Yonas Kinde konnt bei den Häre mat enger Zäit vun 33 Minutten a 44 Sekonnen säin 3. Meeschtertitel feieren. An enger spannender Course hat hien um Enn just 10 Sekonne Virsprong op de Gil Weicherding. De Podium gouf vum Luc Scheller komplettéiert, deen 51 Sekonne méi lues war wéi de Kinde.

Bei den Dammen ass d’Jenny Gloden och fir déi 3. Kéier Championne ginn. Si ass um Enn mat enger knapper Avance vun 8 Sekonnen op d’Carole Kill iwwer de wäisse Stréch gelaf. Mat engem Réckstand vu 25 Sekonnen huet sech d’Sandra Lieners op der 3. Plaz klasséiert.

Resumé vum Cross-Championnat.
Meeschtertitele ginn un de Yonas Kinde an d’Jenny Gloden.

D'Resultater vum Cross-Championnat am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO