Zukunft vum LeeschtungssportMéi finanziell Moyenen a méi professionelle Mindset si wichteg

Franky Hippert
Déi 3. Editioun vun de European Games, de souzesoe klengen olympesche Spiller fir alleguerten d'europäesch Länner, déi zu Krakau a Polen war, ass eriwwer.

No deenen 10 Deeg Kompetitioun huet de Lëtzebuerger Olympesche Comité schonn eng éischt Analys gemaach, wat an Zukunft am Lëtzebuerger Sport nach verbessert muss ginn, fir méi no un déi europäesch respektiv déi international Konkurrenz erunzekommen.

Analys no de European Games/Reportage Franky Hippert

Et ass e Constat, an deen ass net nei, hei am Lëtzebuerger Sport muss ee vun der Astellung hier nach méi professionell un dat Ganzt erugoen, esou de Raymond Conzemius, den techneschen Direkter vum Lëtzebuerger Olympesche Comité.

Wéi kréie mer d’Sportler begleet, fir de richtege Mindset ze entwéckele vun engem richtege Leeschtungssportler? Do hu mer elo hei eng Rei flott Usätz bemierkt an déi mer eis souwisou och scho bewosst waren, mä do ass kloer, datt mer dee Schrëtt konsequent musse weidergoen, wa mer wëllen hei eng Roll spillen. Dat betrëfft d’Talentsichtung an d’Talentfërderung, Spréch den Nowuessleeschtungssport am Kader vum Sportlycée a vun de Centres de Formation vun de Verbänn. Do musse mer nach ganz kloer Schrëtt no vir maachen.

Fir den Techneschen Direkter vum COSL ass an deem Kontext eppes kloer: “Et betrëfft natierlech d’Fërderung vun den Elittesportler, am Kader vum Lihps, der Sportfabrik a weider Partner, wou ganz flott Entwécklunge sinn, do ass awer och nach Loft no uewen. Virun allem brauche mer awer och nach méi Moyenen, méi Moyenen heescht méi finanziell Moyenen, fir kompetent Leit ze engagéieren.

An deem ganze Beräich ronderëm e Sportler spillt awer och d’Preventioun eng wichteg Roll: “Wa mer méi gesond Sportler hunn, hu mer och méi performant Sportler.

Weider Analyse vun den Europaspiller mécht de COSL elo an deenen nächste Woche mat de Federatiounen, Trainer a Sportler. Wou allerdéngs déi 4. Editioun vun de European Games 2027 ass, steet nach net fest.

Back to Top
CIM LOGO