
D’Parlament hat lescht Joer Mëtt Abrëll e Gesetz fir d’Olympesch Spiller adaptéiert. Deemno dierfen d’Iwwerwaachungskamerae mat enger spezieller Software fir d’Bildanalys ekipéiert sinn. Dës kann an Echtzäit verschidde Situatiounen detektéieren.
Méi genau hätt een aacht verschidden Zenarien festgeluecht, déi duerch kënschtlech Intelligenz sollen erkannt a gemellt ginn. Dorënner falen zeréckgeloossen Objeten, Waffen, Geeschterfuerer, Persounen um Buedem, Feier, Persounen an enger onerlaabter Zon, ze grouss Mënschemassen an eng Wull u Mënschen, déi sech beweegt. An dëse Fäll sollen d’Police an d’Pompjeeën alarméiert ginn.

Den Asaz vun dëser Technologie stéisst allerdéngs op vill Kritik. Organisatiounen, déi sech fir d’Fräiheet vun all Eenzelen asetzen, sinn der Meenung, datt dës e Schratt a Richtung ëmmer méi “opdränglech Technologien”, wéi der Gesiichtserkennung ass, esou d’Katia Roux vun Amnesty International a Frankräich.
Den Inneministère verséchert doropshin, datt den Asaz vu biometreschen Daten, wéi fir d’Gesiichtserkennung, net erlaabt ass. Och d’Kennzeeche vun Autoe géingen net analyséiert ginn.
D’Technologie wiere schonns am Mäerz dëst Joer wärend zwee Concerte vun Depeche Mode zu Paräis getest ginn. Am Februar hat de Ministère matgedeelt, datt et nach ze fréi wier, fir ze soen, wéi vill Iwwerwaachungskamerae fir d’Olympesch Spiller wäerte gebrauch ginn.