
“Blödsinn”, dat seet den FLF-President Paul Philipp dozou, datt déi brittesch Zeitung “The Telegraph” Lëtzebuerg am Kontext vun der sougenannter Super League am europäesche Futtball mat an d’Spill bruecht huet. Déi Liga, déi vun e puer europäesche Spëtzeveräiner an d’Liewe geruff wëll ginn, ass bei deene meeschte Veräiner, Federatiounen an der UEFA awer alles anescht wéi beléift.
Zejoert hat d’Iddi vun 12 europäesche Veräiner, wéi ënnert anerem Liverpool, Manchester City, Juventus Turin, Barcelona a Real Madrid, fir en europäesche Championnat fir vill Opreegung gesuergt an no ferme Protester vun de Supporter gouf dat Ganzt emol nees op Äis geluecht. De President vun der Juve, den Andrea Agnelli, huet elo gemengt, et misst een dee Projet emol nees entdeeën an huet dunn am Telegraph esouguer Lëtzebuerg ernimmt. Hei am Land stelle sech d’Futtballinteresséiert natierlech d’Fro, wat do drun ass, dozou de President vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun, Paul Philipp:
“Näischt, dee klengen Agnelli, et stoung an der Equipe de leschte Samschdeg, huet am Interview gesot, d’Super League wär awer nach net dout an et géifen esouguer e puer europäesch Haaptstied ginn, déi keng grouss Ekippe hätten, wéi Dublin oder Lëtzebuerg.”
Bei der Nofro, wéi de Paul Philipp déi Iddi da gesäit, esouguer wann eppes hannendru wär, ass och ganz kloer:
“Blödsinn, dofir soen ech, den Agnelli weess net wou Lëtzebuerg läit. Hie mengt vläicht, mir hätten e Stadion vu 95.000 Leit oder mir wäre Monaco.”
An esouguer wann den Andrea Agnelli op Lëtzebuerg duerkéim, ass dat Ganzt net realisabel, seet den FLF-President:
“Mat wat fir engem Stadion, mat 9.000 Leit, mir hu jo och keng Ekipp. Mir hunn d’UEFA jo voll ënnerstëtzt géint déi Super League. Dofir géife mir emol net an esou Gespréicher eragoen, mä och mat allem Respekt fir eis, déi Diskussioun kënnt och net.”
D’Super League an Europa ass jo schonn zimmlech onrealistesch, ma d’Super League mat Lëtzebuerger Participatioun ass deemno eng gelleg Utopie.