ArgentinienMéigleche Prozess zum Maradona sengem Doud wéinst Homicide involontaire

RTL Lëtzebuerg
D'Fussball-Legend Diego Maradona war 2020 am Alter vu just 60 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen. Elo gëtt géint säi medezinescht Personal ermëttelt.
© afp

De Parquet an Argentinien huet e Mëttwoch ee Geriichtsprozess wéinst Homicide involontaire ugefrot. Am Fokus stinn d’Medezinner, déi sech deemools ëm de fréiere Futtball-Star gekëmmert hunn. Ënnerloossen Hëllef a Mësshandlunge ginn aacht Medezinner virgeworf, déi de Maradona domat an eng “Situatioun vun der Hëlleflosegkeet” bruecht hätten, wéi eng argentinesch Noriichtenagence aus engem Geriichtsdokument zitéiert.

Virop zoustänneg fir dem Maradona seng Gesondheet waren zum Zäitpunkt vu sengem Doud säin Hausdokter Leopoldo Luque a seng Psychiaterin Agustina Cosachov. De Maradona hat viru sengem Doud eng laang Krankheetsgeschicht, déi ënnert anerem mat senger Drogen- an Alkoholsucht ze dinn hat. Nom Doud vun der “Hand Gottes” gouf an Argentinien dräi Deeg laang eng Staatstrauer ausgeruff.

Back to Top
CIM LOGO