
“D’Wourecht ass, datt ech dëse Veräin verloosse wäert”, dat d’Wierder vum Lionel Messi op enger Pressekonferenz e Sonndeg an der Mëttegstonn. Nodeems an der Woch bekannt gi war, datt den Argentinier aus finanzielle Grënn net kéint beim FC Barcelona bleiwen, huet de Futtballer sech e Sonndeg dozou geäussert.
Fir de sechsfache Weltfuttballer war et e ganz emotionale Moment e Sonndeg. Scho viru sengem éischte Wuert op der Pressekonferenz am Stadion Camp Nou waren dem Messi d’Tréine komm.
De 34 Joer ale Futtballer huet a sengen 21 Joer beim Veräin mat Barca 35 Titele gewonnen an huet a 778 offizielle Matcher 672 Goler geschoss.
“De PSG ass eng Méiglechkeet”
De Lionel Messi ass op der Pressekonferenz natierlech och op seng Zukunft ugeschwat ginn. Säin neie Veräin huet hien awer net bekannt ginn. Als Favorit gëllt Paris St. Germain, d’"L’Equipe” huet gemellt, datt hien nach e Sonndeg, spéitstens awer e Méindeg de Medezincheck beim PSG absolvéiere wäert.
De Messi sot dozou just: “De PSG ass eng Méiglechkeet. Den Ament hunn ech mat kengem een Accord ofgeschloss. Wéi d’Schreiwes vu Barcelona publizéiert gouf, krut ech vill Uriff. Et gëtt e puer interesséiert Veräiner. Ech hunn näischt ausgeschloss, ma mir schwätzen.”
Virum Stadion hate sech e Sonndeg och vill Supporter versammelt.