
Wéi d’Zeitung Le Parisien schreift, kéint de 34 Joer alen Argentinier schonn e Sonndeg an der franséischer Haaptstad ukommen. RMC Sport no huet de Messi “oui” gesot: Et géif “nach keng Eenegung ginn, ma de Lionel Messi huet de PSG iwwert säi Wëllen informéiert, d’nächst Saison fir de Club ze spillen”.
Den FC Barcelona hat en Donneschdeg matgedeelt, datt de Lionel Messi an Zukunft net méi fir de Veräin géing spillen. Den argentinesche Superstar huet mat Barca 35 Titele gewonnen an huet a 778 offizielle Matcher 672 Goler geschoss. De sougenannte Financial Fair Play vun der spuenescher Liga hat kee Spillraum fir eng Verlängerung vum Kontrakt gelooss. Barca huet Scholde vu knapp enger hallwer Milliard Euro.