
341 Athleten aus 21 Länner sinn hei ugetrueden. An der Kategorie ënner 90 Kilo konnt de Micha Welter vum JC Stroossen sech d’Bronzemedail sécheren.
D’Carla Tavares vum JC Beefort-Iechternach huet den éischte Kampf an der Kategorie bis 57 Kilo verluer. Den Nationaltrainer Jasper Huitsing huet awer nom Tournoi d’Judoka gelueft an ervirgestrach, dass se gutt Progrèse mécht.