
Den Ian White, d‘Nummer 9 vun der Welt, war e Sonndeg de Mëtteg dem Darius Labanauskas ënnerleeën. De Spiller aus Litauen suergt domat fir déi nächst Iwwerraschung sengersäits, dat nodeems hie schonns d‘lescht Joer mam Raymond van Barneveld ee vun de Favoritten eliminéiert hat.
Méi spéit e Sonndeg den Owend hat de Finalist aus dem leschte Joer du säin éischten Optrëtt am legendären „Ally Pally“. Et sollt awer gläichzäiteg och dee leschte sinn. De Michael Smith huet do nämlech iwwerraschend mat 1:3 géint de Luke Woodhouse de Kierzere gezunn.
Deemno goufen elo schonns 3 vun de 4 Englänner aus der Top 10 vun der Order of Merit eliminéiert. Deen eenzegen Englänner, deen nach iwwereg bleift, ass den James Wade.