No brutalem FoulMijat Gaćinović weist seng Blessuren

RTL Lëtzebuerg
De Mijat Gaćinović vun Eintracht Frankfurt war e Sonndeg am Bundesliga-Match géint Schalke vum Alexander Nübel gefoult ginn.
© Screenshot Instagram

De Golkipp vu Schalke ass a vollem Laf mam Fouss no vir an dem Mijat Gaćinović seng Broscht gerannt. De Golkipp vun de Kinneksbloe krut direkt déi rout Kaart gewisen.

Op Instagram huet de Mijat Gaćinović eng Foto vu senger Blessur gepost. Weider huet hie seng Fans berouegt a betount, dass et him gutt geet.

Wat d’Aktioun selwer ugeet, huet hie betount, dass esou Zesummestéiss leider zum Futtball dozou gehéieren. De 24 Joer ale Futtballer huet sech deemno verständnesvoll gewisen an och dem Nübel Merci gesot, dass dëse sech direkt entschëllegt huet.

Back to Top
CIM LOGO