Schi AlpinMikaela Shiffrin wënnt Heem-Weltcup zu Killington

RTL Lëtzebuerg
D'US-Amerikanerin huet de Slalom virun den eegene Spectateure fir déi fënneft Kéier fir sech entscheet.
© AFP

Am Slalom zu Killington gouf et e Sonndeg eng Victoire fir d’Mikaela Shiffrin. Duerch e staarken zweeten Duerchgang huet sech d’US-Amerikanerin mat engem Virsprong vun 0.75 Sekonne virun der Weltcup-Konkurrentin Petra Vlhova duerchgesat. Op déi drëtt Plaz ass d’Wendy Holdener aus der Schwäiz komm.

Am General stinn d’Mikaela Shiffrin an d’Petra Vlhova elo punktgläich mat 260 Punkten un der Spëtzt.

Back to Top
CIM LOGO