
Schonns um Freideg gouf uechter déi europäesch Ligae Futtball gebueden, ënner anerem vun de Bayern an der Juve.
LINK: Internationale Futtball - Bayern München wënnt knapp zu AugsburgLINK: Bundesliga Schalke just mat Remis géint Freiburg
Vallecano - Atl. Madrid 0:1
D’Rojiblancos vum Trainer Diego Simeone haten nawell Krämpes, fir géint den Underdog vu Vallecano an de Match ze kommen. An der éischter Hallschecht konnte Griezmann a Co. net den Deckel op de Match maachen an et huet bis an den zweeten Duerchgang gedauert, bis d’Favoritten de Match entscheede konnten.

Et war de franséische Weltmeeschter Griezmann, dee seng Faarwen an der 74. Spillminutt mat engem ofgefälschte Schoss a Féierung brénge konnt a soumat d’Partie entscheet huet.
Real Sociedad - Leganes 3:0
Eng Nullnummer gouf et tëscht béide Formatiounen am 1. Duerchgang. Eréischt an der 2. Hallschecht si Goler gefall - fir San Sebastian. Et war nämlech den Oyarzabal, deen direkt zweemol bannent 10 Minutte markéiere konnt. An der 75. Minutt huet dunn nach de Willian José op 3:0 erhéicht.
Barcelona - Valladolid 1:0
Mat dem knappste vun all de Resultater konnt sech de Barca doheem géint Valladolid behaapten. Et war de Messi, deen déi Routblo an der 43. Spillminutt mat engem Eelefter op d’Gewënnerstrooss bruecht huet. De Score vun 1:0 war dann och d’Schlussresultat.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Wimbledon - Millwall 0:1
Den FC Millwall konnt sech auswäerts bei Wimbledon AFC mat 1:0 behaapten. De Gol fir déi Blowäiss huet de Murray Wallace direkt an der 5. Spillminutt geschoss an de Match soumat entscheet.
Newport - ManCity 1:4
D’Startrupp vum Trainer Pep Guardiola hat géint den ënnerklassesche Veräin Newport County nawell seng Problemer. Esou stoung et no den éischte 45 Minutten och 0:0. Nom Téi huet City missen eppes maachen an et war de Sané, dee d’Skyblues an der 51. Spillminutt mat 1:0 vir bruecht huet.
Den zweete Gol vun der Partie huet de Foden markéiert, dat an der 75. Minutt. Ier Newport an der 88. duerch den Amond op 2:1 verkierze konnt, huet de Foden an der 89. Spillminutt eng weider Kéier getraff an op 3:1 erhéicht. Endgülteg den Deckel op d’Dëppen huet dunn an der 4. Minutt vun der Nospillzäit de Mahrez mat sengem Gol zum 4:1 geluecht.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Marseille - Amiens 2:0
Am Stade Vélodrome zu Marseille ass den OM fir de Kont vum 25. Spilldag an der Ligue 1 op Amiens getraff. Marseille huet vun Ufank un Drock op de Gol gemaach a wollt virum eegene Public déi dräi Punkte sécheren. An der 19. huet den Thauvin den OM mat dem 1:0 op d’Gewënnerstrooss bruecht, ier de Balotelli an der 25. Spillminutt den 2:0 markéiere konnt. Am weidere Verlaf vun der Partie si keng Goler gefall.

Angers - Nice 3:0
Déi Ex-Ekipp vum aktuellen Trainer Favre vum BVB koum auswäerts zu Angers nawell ferm ënnert d’Rieder. Am Stade Raymond-Kopa huet de Bahoken duerch een Eelefter den 1:0 geschoss. Nom Téi huet de Fulgini an der 47. dunn nach een drop gesat. An der 90. Spillminutt huet de Lopez sech mam 3:0 och nach op d’Lëscht vun de Butteuren agereit.
Monaco - Nantes 1:0
Am Stade Louis II huet d’AS virum eegene Public onbedéngt misse wannen. Ma de Martins huet de Monegassen an der 13. Spillminutt d’Nervositéit mat senger 1:0 Féierung geholl a si konnten dëse Score iwwer d'90 Minutten halen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Cagliari - Parma 2:1
De Gaascht aus Parma ass an der 40. Spillminutt duerch de Kucka an Avantage geroden - mat dësem Score goung et och an d’Paus. D’Lokalekipp war an der 1. Hallschecht net esou präsent, konnt dofir am 2. Duerchgang eng Schëpp dropleeën. An der 65. huet de Pavoletti ausgeglach, ier fënnef Minutte virun Enn den nämmlechte Pavoletti op en Neits treffe konnt.
Bergamo - Milan 1:3
Milan konnt e Samschdeg den Owend beim Angschtgéigner vun Atalanta Bergamo wannen. Dobäi haten d’Haushären nach duerch dem Freuler säi Gol an der 33. Spillminutt d’Nues am Match vir. Kuerz virun der Paus ass et de Rossoneri gelongen, den Ausgläich ze markéieren. Et war de Piatek dee fir seng Faarwe markéiere konnt.
Milan wollt awer méi, sou hu si an der 55. Minutt duerch den Çalhanoglu den 2:1 fonnt. De Piatekt huet dunn an der 61. Spillminutt nach een drop gesat an d’Partie war domat entscheet.