
Um Samschdeg huet de Mino Raiola de Kampf géint seng Krankheet verluer. Nodeems et leschten Donneschdeg nach Falschmeldungen iwwer säi Gesondheetszoustand gouf, huet seng Famill den Doud op Twitter confirméiert.
De Mino Raiola huet am internationale Futtball bekannte Spiller wéi den Erling Haaland (BVB), de Paul Pogba (Manchester United) oder den Gianluigi Donnarumma (PSG) betreit.