
„Et wäert een alles dru setzen, fir an den zwee leschte Matcher an dëser Europameeschterschaftsqualifikatioun nach Punkte fir déi onerwaart verstuerwe Lëtzebuerger Futtball-Legend René Hoffmann, déi bis zum Schluss bei der Ekipp war, ze sammelen”, dat waren d’Wierder vum Nationaltrainer Luc Holtz e Mëttwoch.
Zwee Facteuren schwätzen och dofir, datt dat en Donneschdeg scho ka geléngen.
Op där enger Säit, well de Stadion vum Roude Stär Belgrad, an deen normalerweis 55.000 frenetesch Supporter erapassen, wéinst enger Spär vun der UEFA opgrond vu rassistesche Gesäng, just eng ronn 2.000 Kanner mat maximal 200 Erwuessener wäerten dobanne sinn. An op där anerer Säit, déi gutt Prestatioun aus dem Allersmatch, och wann et am Stade Josy Barthel virun 2 Méint eng 1:3-Defaite gouf, den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz:
“Mir weisen de Spiller Videoe mat Spillsituatiounen, déi gewisen hunn, datt mer dominant waren. A wann een deen Dag d’Effikassitéit vun engem Mitrovic gehat hätt, sinn ech dovunner iwwerzeegt, datt mir dee Match labber gewonnen hätten. Mir wäerte versichen den Allersmatch vun der Performance hir ze widderhuelen a vir méi effikass ze sinn. Nëmmen dann ass et méiglech, Punkten ze huelen.”
De Luc Holtz huet e Mëttwoch den Owend op der Pressekonferenz awer och gesot, datt ee sech misst bewosst sinn, datt, mam rekonvaleszente Christopher Martins an mam gespaarte Leandro Barreiro, zwee wichteg Spiller am Mëttelfeld feelen. An der Lescht hunn d’Rout Léiwe vläicht en ze vill schéine Futtball probéiert wëllen ze spillen an doduerch waren dann Atoute wéi Aggressivitéit an den Dueller an Intensitéit an de Leef net méi grad esou present, de Kapitän Laurent Jans:
“Matcher op dësem Niveau ginn duerch Aggressivitéit an den Dueller entscheet, d.h. mir mussen déi richteg Balance fannen. Mir goufen déi lescht Zäit vill gelueft, datt mer proppere Futtball spillen a probéiere vun hannen erauszespillen, mä natierlech dierf dat net op Käschte vun der Aggressivitéit goen. Mir mussen nach ëmmer wëssen, vu wou mer hierkommen.”
Fir een FLF-Spiller gëtt et e ganz besonnesche Match. Den Danel Sinani huet déi éischt 6 Joer vu sengem Liewen zu Belgrad gewunnt. Hie freet et dann och, fir a seng al Heemecht zeréckzekommen a warnt an engems vun staarke Géigner Serbien.
Bei de Serbe si mat Jovic vu Real Madrid, Matic vu Manchester United, Kostic vun Eintracht Frankfurt a Pavkov vum Roude Stär Belgrad op jiddwerfalls 4 wichteg Spiller net dobäi.
De Match kënnt Dir dann och en Donneschdeg den Owend live op der Tëlee um 2. RTL, um Radio an am Stream op RTL.lu suivéieren.
LINK: Rout Léiwe si gutt a Serbien ukomm: Spezielle Rendez-vous fir de Luc Holtz an de Paul Philipp