TransfertMiralem Pjanic soll kuerz viru Wiessel bei den FC Barcelona stoen

RTL Lëtzebuerg
Een vun de gréissten Transferten am internationale Futtball fir dëse Summer steet kuerz virum Ofschloss a betrëfft de Miralem Pjanic.

De Pjanic huet jo a senger Jugend fir d’Nowuess-Nationalekippe vu Lëtzebuerg gespillt.

De Bosnier vun Juventus Turin soll deemno bei den FC Barcelona wiesselen, an am Géigenzuch wäert de Brasilianer Arthur op Turin goen, mellt Sky Sport.

Béid Transferten dierften ëm déi 80 Milliounen € kaschten.

Back to Top
CIM LOGO