Elo offiziellMiralem Pjanic wiesselt bei den FC Barcelona

RTL Lëtzebuerg
De Bosnier wiesselt fir 60 Milliounen Euro vu Juventus Turin aus der italienescher Serie A bei den FC Barcelona an d'spuenesch La Liga.
© AFP (Archiv)

Et hat sech an de leschten Deeg schonn ugedeit, e Méindeg du gouf de Wiessel vum Miralem Pjanic an dréchen Dicher bruecht an offiziell matgedeelt.

De fréiere Lëtzebuerger Jugend-Nationalspiller huet beim FC Barcelona e Kontrakt fir déi nächst 4 Saisonen ënnerschriwwen. Fir 400 Milliounen Euro kéint hien de Veräin virum Enn vun der Saison 2023/2024 nees verloossen.

Aus dem Futtball war et um Méindeg och nach d’Nouvelle, datt de Mëttelfeldspiller Arthur Milo fir iwwer 70 Milliounen Euro vu Barcelona eriwwer bei Juventus Turin wiesselt.

Back to Top
CIM LOGO