
An der Belsch gouf et eng 2:0-Victoire fir Saint-Gilloise géint Gent a si bleiwen domadder als 3. un der Spëtzt drun. Getraff huet fir d’Ekipp vum Anthony Moris, deen de ganze Match tëscht de Pottoe stoung, den Lazare Amani an der 12. an de Vanzeir an der 82. Minutt.
A Schweden stoung de Vincent Thill 62. Minutte fir AIK Stockholm um Terrain, zu deem Ament war d’Ekipp mat engem Mann an Ënnerzuel an 0:2 hannen. Den Uschloss vum Guidetti an der 92. Minutt koum ze spéit, fir nach eppes ze dréinen. De BK Häken bekräftegt mat dëse Punkten seng 1. Plaz an der Tabell, Stockholm ass aktuell 5.
Kee Gewënner gouf et an der zweeter portugisescher Liga tëscht Nacional Funchal a Vilafranquense. Beim 1:1 gouf den Eric Veiga an der 89. Minutt agewiesselt, kuerz drop hu seng Faarwen den Ausgläich markéiert. Keen all ze gutt Resultat fir den aktuell drëtten an der Tabell géint de 14.

Den FSV Mainz 05 ass am DFB-Pokal een Tour virun, dat no der 3:0-Victoire géint de VfB Lübeck. De Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro stoung an der Startopstellung an huet de Match och duerchgespillt. Weider hat hien den 2:0 vu Mainz virbereet.
Fir Waldhof Mannheim an de Kapitän vun de Roude Léiwen, de Laurent Jans, ass d’Aventure DFB-Pokal awer eriwwer. Mannheim verléiert doheem mat 0:1 géint Nürnberg. De Laurent Jans stoung 90 Minutte laang um Terrain.
An der MLS huet New York mam Lëtzebuerger Maxime Chanot 3:0 géint Inter Miami gewonnen. De Chanot huet de komplette Match iwwer gespillt.
Am DFB-Pokal huet Borussia Mönchengladbach 1:2 géint den SV Darmstadt 98 verluer. De Lëtzebuerger Yvandro Borges Sanches hat vun der 83 Minutt un den Nathan Ngoumou ersat.
Fir Norwich City war et an der englescher Championship eng Néierlag mat 0:1 géint Luton Town. De Lëtzebuerger Danel Sinani huet 70 Minutte gespillt.