BundesligaMünchen just Remis, Frankfurt schéisst Leipzig 4:0 of

RTL Lëtzebuerg
Bayern München kënnt net iwwer en 1:1 zu Berlin eraus, wärend Bremen a Köln hire Laf weider setzen. D'Kris zu Leverkusen a Wolfsburg gëtt ëmmer méi grouss.
© AFP

Am Spëtzematch vum 5. Spilldag huet FrankfurtLeipzig mat 4:0 ofgeschoss. D’Eintracht war an der éischter Hallschent déi dominant Ekipp, well Leipzig quasi net stattfonnt huet. Frankfurt war schonn an der 16. Minutt a Féierung gaangen a konnt an der 22. Minutt op 2:0 erhéijen. Bis d’Paus sollt näischt Grousses méi geschéien. No der Paus huet sech Leipzig eng éischte Kéier virum Gol vu Frankfurt gewisen. Diskussioun gouf et beim 3:0 vu Frankfurt, well de Gol vum VAR akzeptéiert gouf, obwuel e Frankfurter Spiller am Bléckfeld vum Golkipp stoung. An der 84. Minutt hunn d’Haushären nach en Eelefmeter zougesprach kritt, deen de Borré verwandelt huet.

Union Berlin
a Bayern München trenne sech 1:1. An der éischter Hallschent war et en intensiven Duell zu Berlin. Union Berlin huet seng éischt Chance kënnen notzen an duerch de Becker mat 1:0 a Féierung kënne goen. D’Bayern hunn awer net laang gebraucht, fir duerch de Kimmich auszegläichen. Berlin huet sech gréisstendeels op d’Verteidege konzentréiert a München de Match iwwerlooss, wat den däitsche Rekordmeeschter awer just eng Kéier duerch eng Chance vum Sané notze konnt. Och nom Säitewiessel hunn d’Bayern immensen Drock ausgeüübt a sech zuelräich Chancen erausgespillt, mee keng war wierklech geféierlech. Union Berlin huet weider op Konter gesat an hat an der 75. Minutt d’Chance op den 2:1. München huet bis zum Schluss alles probéiert, mee muss sech den zweete Match hannerteneen mat engem Remis zefridde ginn.

Freiburg setzt sech 3:2 zu Leverkusen duerch. De Match hat fir Freiburg mat der Blessur vum Sallai an dem 1:0 fir Leverkusen net gutt ugefaangen. Leverkusen huet de Schwong vun der Féierung awer net matgeholl an hat just vereenzelt gutt Aktioune virum Freiburger Gol, louch zur Paus awer verdéngt vir. Nom Säitewiessel huet Freiburg bannent 4 Minutten de Match duerch zwee séier Goler vum Ginter a Gregoritsch gedréint. Leverkusen war kuerzzäiteg geschockt, mee huet 10 Minutten no der Freiburger Féierung den Ausgläich geschoss. D’Werkself huet och weider no vir gespillt, mee krut dunn den 2:3 geschoss. Mat dësem Resultat ass Freiburg Tabellenéischten an d’Diskussiounen zu Leverkusen ginn ëmmer méi grouss.

Am Match tëscht Stuttgart a Schalke koum et zu engem 1:1-Gläichspill. D’Heemekipp hat déi éischt gutt Aktioun am Match a konnt e puer Minutte méi spéit och den 1:0 markéieren. Quasi am Géigenzuch huet Schalke duerch den Terrode den Ausgläich geschoss, duerno ass de Match verflaacht. Eréischt kuerz virun der Paus hat Schalke nach eng gutt Golchance duerch de Larsson. Stuttgart krut no 67 Minutten e Spiller vum Terrain gesat an huet sech vun do un op d’Verteidege konzentréiert. D’Gäscht hu bis zum Schluss alles dru gesat, fir dräi Punkte mat Heem ze huelen, mee alleguer d’Chancë waren net performant genuch.

Bremen entféiert duerch en 2:0 zu Bochum dräi Punkten. Dem Tabelleleschten hunn déi éischt Aktioune vum Match gehéiert, déi awer net wierklech geféierlech waren. Op der anerer Säit hat Bremen déi besser Méiglechkeete virum Gol, mee Bochum konnt sech op säi Golkipp verloossen. Kuerz virun der Paus konnte sech d’Haushäre eng éischt grouss Chance erausspillen. No der Paus hat Bremen d’Iwwerhand, mee konnt seng Golchancen net notzen, sou dass Bochum erëm an de Match koum. De Veräin aus dem Ruhrpott krut an der 81. an an der 96. Minutt e Gol duerch de VAR oferkannt. Op der anerer Säit huet Bremen seng Chancen an der 86. an an der 92. Minutt genotzt an de Match fir sech entscheet.

Köln weist weider eng staark Leeschtung a gewënnt mat 4:2 zu Wolfsburg. D’Haushäre waren duerch de bis elo séierste Gol vun der Saison vum Nmecha a Féierung gaangen an hunn de Match bis an déi 20. Minutt kontrolléiert. Duerno huet Köln de Match iwwerholl an den Ausgläich geschoss. 10 Minutte méi spéit huet den Effzeh den 2:1 markéiert, wourop Wolfsburg keng Äntwert hat. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent krut Köln duerch de VAR nach en Eelefmeter zougesprach, deen de Kainz zum 3:1 eragesat huet. An der zweeter Hallschent huet Köln de Match iwwer wäit Strecke gutt geréiert. Wolfsburg huet nom 2:3 zwar nach eng Kéier gehofft, mee Köln huet am Géigenzuch de 4:2 markéiert a hëlt verdéngt 3 Punkte mat Heem.

Um Freideg hat sech Dortmund doheem mat 1:0 géint Hoffenheim duerchgesat.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO