BGL LigueMunneref iwwerrennt d'Fola, Progrès wënnt duerch en Eelefmeter op der Jeunesse

Kevin Kayser
Weider si 6 Goler tëscht Rouspert an dem Racing gefall an Déifferdeng a Stroossen konnte sech an hire Partien duerchsetzen.
© Joel Sauber

Schonn e Samschdeg hat sech Diddeleng musse géint Péiteng geschloe ginn.

Jeunesse Esch - Progrès Nidderkuer 0:1
0:1 Hend (70', p)

BGL Ligue: Nidderkuer wënnt knapp op der Jeunesse
Duerch en Eelefmeter a mat e bësse Gléck um Schluss ka sech de Progrès zu Esch déi dräi Punkte sécheren.

Et sollt keng éischt Hallschent gi fir Fans vu guddem Futtball. Obwuel béid Ekippen ëmmer nees probéiert hunn, an Féierung ze goen, gouf et déi éischt richteg gutt Golchance eréischt an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent. Hei hat de Mazure de Ball aus der Distanz op d’Lat geschoss. Bei e bësse méi Präzisioun hätt de Sommer am Gol vun der Jeunesse hei näischt méi kéinte maachen. Soss hate béid Ekippen et zwar emol an den éischte 45 Minutte probéiert, ma d’Schëss waren alleguerten däitlech ze onprezis oder ze ongeféierlech.

De Progrès war nom Säitewiessel méi geféierlech, ma ass laang net laanscht déi Escher Defense komm oder war am Ofschloss ze onsécher. No 69 Minutten du kritt de Soares vun der Jeunesse am eegene Strofraum de Ball un den Aarm an den Arbitter weist op de Punkt an dem Spiller déi giel Kaart. Déi Chance huet den Hend sech net huele gelooss a verwandelt den 11 Meter zum 1:0 fir d’Gäscht. Nom Gol wollt Nidderkuer séier en zweete schéissen, fir de Sak zouzemaachen, mä well hinnen dat net gelongen ass, koum d’Jeunesse nees besser an de Match. Der Heemekipp sollt deen ee Gol awer net geléngen, och wa si mat der leschter Aktioun nach eng gutt Chance haten, esou datt Nidderkuer zum Schluss mat e bësse Gléck déi dräi Punkte mathuele kann.

US Munneref - CS Fola Esch 5:0
1:0 Taarmite (1'), 2:0 Benamra (34'), 3:0 Abdelkadous (52'), 4:0 Abdelkadous (57'), 5:0 Benamra (65')

© Joel Sauber

Wa sech eng Ekipp virgeholl huet, fir fréi e Féierung ze goen, an dat och duerchgezunn huet, da war et Munneref dëse Sonndeg doheem géint d’Fola. Ganzer 16 Sekonnen huet et gedauert, bis den Taarmite den 1:0 fir seng Faarwe markéiere konnt. No 34 Minutten huet den Benamra esouguer nach virun der Paus op 2:0 erhéije kënnen. Fir d’Fola ass et einfach net gelaf an no 44 Minutte gouf et nach méi komplizéiert, well den Lima huet seng zweet Giel gesinn an d’Gäscht hu vun dunn u missten an Ënnerzuel weiderspillen. An déi Iwwerzuel huet Munneref a Persoun vum Abdelkadous ausgenotzt, well dëse konnt innerhalb vu fënnef Minutten direkt zwee Mol fir d’Heemekipp verwandelen an den Ecart op véier Goler ausbauen. Ma et sollt net dobäi bleiwen, well de Benamra no 65 Minutten nach op 5:0 erhéicht huet. D’Jeunesse hat nach zwou Méiglechkeeten, fir e bësse Resultat-Kosmetik an dëser Partie ze bedreiwen, mä och Munneref hätt nach kéinten erhéijen. Dëst sollt awer kenger vu béiden Ekippe geléngen, esou datt et beim klore 5:0 fir d’Heemekipp bliwwen ass.

FC Déifferdeng 03 - FC Monnerech 2:0
1:0 Monteiro Lima (24'), Ambrosio Simoes (90'+4)

© Olivier Beck

Swift Hesper - Etzella Ettelbréck 2:2
1:0 Stolz (13'), 1:1 Rapaille (45'), 2:1 Philippe (53'), 2:2 Berisha (80')

UN Käerjeng - UNA Stroossen 1:2
0:1 Agovic (22'), 1:1 Fostier (40'), 1:2 Bacconnier (54')

Victoria Rouspert - Racing Union Lëtzebuerg 4:2
1:0 Carratala-Jimenez (10'), 1;1 Nakache (25'), 2:1 Feltes (45'+1), 3:1 Steinbach (57'), 4:1 Van Lingen (68'), 4:2 Buch (72')

© Usch Thommes

FC Wooltz 71 - US Hueschtert 2:2
0:1 Bonet (39'), 1:1 Romeyns (59'), 1:2 Steinmetz (83'), 2:2 Timmermans (90'+6)

© Numa Wio

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO