NFLMVP-Award fir Aaron Rodgers, Alex Smith gëtt Comeback Player of the Year

RTL Lëtzebuerg
Um Owend virum Super Bowl goufen déi Spiller, déi dës Saison positiv opgefall sinn, ausgezeechent.
© AFP

De wäertvollste Spiller vun dëser Saison ass dobäi un den Aaron Rodgers gaangen. Als Quarterback war hie haaptverantwortlech dofir, datt seng Green Bay Packers et bis an d’NFC-Finall gepackt hunn, wou si géint d’Tampa Bay Buccaneers verluer hunn. Et ass déi drëtte Kéier, datt de Rodgers zum MVP gewielt gouf. Hie krut 44 vu 50 Stëmmen.

E weidere wichtegen Award goung un de Russel Wilson vun de Seattle Seahawks. Hien ass de Walter Payton Man of the Year. Mat deem Award zeechent d’National Football League Spiller aus, déi sech op eng extra Aart a Weis fir hir Communautéit an ausserhalb vum Football-Feld agesat hunn.

E wuel ganz emotionalen Award ass un de Quarterback vum Washington Football Team gaangen. No enger ganz uerger Blessure, wou et emol net kloer war, ob hie säi Bee kéint halen a wou no Komplikatiounen och säi Liewen a Gefor war, huet den Alex Smith no 693 Deeg a 17 Operatiounen dës Saison säi Comeback um Terrain ginn a konnt seng Ekipp esouguer an d’Playoffs féieren. Dofir gouf hien de “Comeback Player of the Year”, dat mat 49 vu 50 Stëmmen.

Da gouf och d’Hall of Fame Class 2021 presentéiert. Hei ass ënner anerem de fréiere Quarterback vun de Broncos an de Colts Payton Manning mat dran. Mat béiden Ekippe konnt de Manning de Super Bowl gewannen. Nieft him sinn nominéiert de Alan Faneca, Tom Flores, Calvin Johnson, John Lynch, Bill Nunn, Drew Pearson an Charles Woodson.

Weider Auszeechnungen

Offensive Player of the Year: Derrick Henry vun den Tennessee Titans

Defensive Player of the Year: Aaron Donald vun de LA Rams

Offensive Rookie of the Year: Justin Herbert vun den LA Chargers

Defensvie Rookie of the Year: Chase Young vum Washington Football Team

Coach of the Year: Kevin Stefanski vun de Cleveland Browns

Assistant Coach of the Year: Brian Daboll vun de Buffalo Bills

Art Rooney Sportmanship Award: Teddy Bridgewater vun de Carolina Panthers

An der Nuecht op e Méindeg gëtt dann d’Finall vun der Saison ausgedroen. D’Tampa Bay Buccaneers spillen do als éischten Ekipp an der Geschicht vum Super Bowl d’Finall doheem, dat géint den Titelverdeedeger Kansas City Chiefs.

Back to Top
CIM LOGO