Lëtzebuerger Futtballer am AuslandNächsten Erfolleg fir d'Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg konnte schonns 3 Lëtzebuerger mat hiren Ekippen dräi Punkten afueren.
© AFP-Archiv

Um Sonndeg huet d’Union Saint-Gilloise mat 2:0 géint Antwerpen gewonnen. Den Anthony Moris stoung wéi gewinnt 90 Minutten tëschent de Pottoen. Duerch den Erfolleg konnt Saint-Gilloise déi 2. Tabelleplaz behaapten an de Virsprong op déi 3. Plaz op 6 Punkten ausbauen. Tabelleleader ass Genk mat enger Avance vu 7 Punkten op d’Ekipp vum Lëtzebuerger Golkipp.

Samschdeg

Um Samschdeg war d’Reprise vum Championnat an der drëtter däitscher Liga. Am direkten Duell ëm d’Opstigsplazen huet Waldhof Mannheim mam Laurent Jans mat 3:1 géint 1860 München gewonnen. D’Ekipp vum Lëtzebuerger ass elo Siwent mat véier Punkte Réckstand op eng Opstigsplaz.

An der englescher Championship huet Norwich mat 4:0 bei Preston North End gewonnen an domat ënnert dem neien Trainer David Wagner déi éischt Victoire agefuer. Duerch dräi séier Goler an der éischter Hallschent war de Canaries d’Victoire net méi ze huelen. Den Danel Sinani gouf an der 72. Minutt agewiesselt. Norwich huet mat dëser Victoire weiderhi Kontakt zu de Playoff-Plazen.

Den Eric Veiga war mat Vilafranquense géint Leixoes am Asaz a konnt eng 2:0-Victoire feieren. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain. Vilafranquense huet déi zwee Goler an den zweete 45 Minutte geschoss a läit mat dräi weidere Punkten um Kont op Plaz Véier an der Tabell.

An engem Frëndschaftsmatch gewënnt den FC Köln mat 5:0 géint Lommel aus der Belsch. De Mathias Olesen stoung an der zweeter Hallschent um Terrain an huet zwee Goler selwer markéiert an eng Virlag zur Victoire bäigesteiert. Den nächste Weekend ass d’Reprise an der Bundesliga.

Freideg

An der zweeter hollännescher Liga konnt ADO Den Haag géint Maastricht eng wichteg Victoire am Ofstigskampf mathuelen, elo Plaz 15 an der Tabell. Um Enn wënnt d’Ekipp vum Dirk Carlson, deen de ganze Match op der Bänk souz, mat 2:1.

Fir de Florian Bohnert ass et um Freideg mam SC Bastia an der 2. franséischer Liga ganz gutt gelaf. Seng Ekipp spillt 1:0 géint Pau. De Florian Bohnert souz um Freideg op der Ersatzbänk. Bastia ass elo op der 10. Plaz an der Tabell.

Back to Top
CIM LOGO