FuttballNationalspiller nach net am Vakanzemodus

Franky Hippert
D'Lëtzebuerger Futtballnationalspiller mussen an den nächsten 10 Deeg nach eng Kéier alles ginn.

Lass geet et den Owend um 20.15 Auer mam Frëndschaftslännermatch am Stade de Luxembourg géint Malta, fir d’Partien an der Europameeschterschaftsqualifikatioun heiheem géint Liechtenstein an auswäerts géint Bosnien-Herzegowina ze preparéieren.

De Kapitän vun de Roude Léiwen, de Laurent Jans, stoung mat sengem Veräin Waldhof Mannheim bei 35 Partien am Ganzen 3.080 Minutten um Terrain. Och wann d’Spiller schonn eng laang Saison an de Been hunn, esou ass et awer net elo schonn fir déi héichzeleeën.

De Laurent Jans

Dëse Match géint Malta déngt wéi gesot als Preparatioun virun den zwee EM-Qualifikatiounsmatcher géint Liechtenstein e Samschdeg-8-Deeg an a Bosnien den Dënschdeg 20. Juni.

Dir kënnt d‘Partie géint d’Malteeser op RTL.lu am Livestream mat Lëtzebuerger Commentaire vun 10 op 8 u suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO