DammefuttballNationaltrainer wëll 1. Liga am Championnat nei strukturéieren

RTL Lëtzebuerg
Et wëll ee bei den Dammen de Championnat méi kleng maachen an esou den Niveau héijen. Bei de Meedercher sollen d'Alterskategorien ugepasst ginn.
© Val Wagner (Archiv)

De Lëtzebuerger Dammefuttball huet sech an de leschte Jore gutt entwéckelt. An der éischter WM-Qualifikatioun iwwerhaapt vun de Lëtzebuerger Dammen huet een ëmmerhi schonns 1 Match konnte gewannen. Fir datt et weider no vir geet, ass et fir den Nationaltrainer, Dan Santos, wichteg, datt méi Spillerinnen de Wee an d’Ausland ginn.

Dammefuttball / Reportage Rich Simon

Et ass kee Geheimnis, datt een déi meeschte Fortschrëtter mécht, wann een an d’Ausland geet. An dat ass praktesch fir all Sportaart de Fall. Bei de Lëtzebuerger Futtballdammen deet ee sech den Ament awer nach relativ schwéier, fir de Wee an d’Ausland ze goen. Den Nationaltrainer Dan Santos seet, datt een als Federatioun muss oppassen, fir de Lëtzebuerger Veräiner d’Spillerinnen net ewechzehuelen. Et probéiert een awer trotzdeem, hinnen eng Plattform ze ginn, fir datt eventuell auslännesch Veräiner op si opmierksam ginn.

Mir wëllen d’Spillerinnen esou héich wéi méiglech bréngen. Dofir spille mir vill am Ausland. Wann dann Interessi vun deem Veräin, géint dee mir spillen, kënnt, da maache mir de Kontakt mat den Elteren. An da kann d’Famill zesummen decidéieren, wat kënnen a wat wëlle mir maachen? Mir ginn elo an Israel Qualifikatioun spillen, dat gëtt och eng schéi Vitrinn, well do kann een op sech opmierksam maachen. Wann da Veräiner aus der Géigend sech melle fir eng Spillerin, dann hëllefe mir.

Aktuell spillen 13 Ekippen an der éischter Liga bei den Dammen. Praktesch alleguerte spille se mam eegenen Nowuess. Just de Stater Racing geet een anere Wee, andeems een och op auslännesch Spillerinnen zeréckgräift. Fir den Nationaltrainer Dan Santos ass dat ee Choix, deen ee muss respektéieren.

Et ass gutt, datt de Racing auslännesch Spillerinnen hëlt, déi aus der Ligue 1 oder aus der Bundesliga kommen. Déi hiewen den Niveau vun eiser 1. Liga. Et ass just schued, datt déi esou grouss ass an net kompetitiv genuch ass. Déi kommen hei hinner, fir d’Champions League ze spillen. An dat hu si och gutt gemaach. Wa se déi Matcher da gemaach hunn, dann hu si am Championnat just 4 oder 5 Matcher am Joer déi wierklech kompetitiv sinn. Déi aner sinn net kompetitiv genuch.

Den Dan Santos wier frou, wann an d’Zukunft manner Ekippen an der éischter Liga géife spillen, well dann den Niveau géif eropgoen.

Extrait Dan Santos

Do si mir elo op 14 respektiv 13 Ekippen, well eng sech zeréckgezunn huet. Do d’Divisioun méi kleng maachen, fir datt den Niveau méi héich gëtt, dat wär mol gutt. Och an der 2. an 3. Liga dat alles upassen, fir datt keng Resultater komme wéi 15 oder 20 zu 0. Och bei de jeunes filles a bei de Cadetten den Alter gerecht ze maachen, net, datt eent vu 17 Joer géint eent vun 12 spillt. Dat ass am Moment leider de Fall. Do si mir am Gaangen, drun ze schaffen, fir dat ze verbesseren an et méi gerecht ze maachen, fir datt méi Meedercher um Ball bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO