FuttballNations League geet an déi decisiv Phas

Tim Hensgen
D'Nations League war wéinst der Europameeschterschaft e bëssen a Vergiessenheet geroden.
Nations League geet an déi decisiv Phas
D’Nations League war wéinst der Europameeschterschaft e bëssen a Vergiessenheet geroden.

Ma e Mëttwoch an en Donneschdeg si ronn ee Joer no der Gruppephase d’Halleffinale programméiert. Den Europameeschter Italien spillt zu Mailand géint Spunien an den Dag drop heescht den Duell zu Turin Belsch géint Frankräich. Et ass deemno gudde Futtball garantéiert.

Ausser England spillen déi 4 beschten Ekippen an Europa ëm den Titel an der Nations League. Et geet ëm de Prestige, awer och ëm iwwer 12 Milliounen Präisgeld. E Sonndeg gëtt dann an der Finall zu Mailand den Nofollger vu Portugal gesicht. RTL ass bei all deene Matcher natierlech live dobäi.

Back to Top
CIM LOGO