Internationale FuttballNeapel wënnt Coppa Italia, Mainz iwwerrascht Dortmund

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems setzt sech Manchester City an der Premier League mat 3:0 géint Arsenal duerch a Leverkusen wënnt de Rheinderby géint Köln mat 3:1.

Bundesliga

Bei den Dammen huet sech de VfL Wolfsburg an der Bundesliga de véierte Championstitel hannertenee geséchert. Dräi Spilldeeg viru Schluss huet d’Ekipp aus Niedersachsen mat enger 2:0-Victoire géint Freiburg alles kloer gemaach an domat Bayern op der zweeter Plaz hannert sech gelooss. Fir d’Damme vu Wolfsburg ass et den am Ganze 6. Championstitel an der Veräinsgeschicht.

Frankfurt - Schalke 2:1
1:0 Silva (29'), 2:0 Abraham (50'), 2:1 McKennie (59')

An den éischte Minutten huet Frankfurt de Match dominéiert a sou war et nëmmen eng Fro vun der Zäit bis den éischte Gol fale géif. No engem Ballverloscht vum Kenny ass de Silva ugespillt ginn an huet mat engem Schoss an den Eck op 1:0 gestallt. Schalke huet sech schwéier gedoen de Wee no vir ze fannen a konnt vu Gléck schwätzen, dass et an der Paus net méi héich wéi 1:0 stoung.

Kuerz nom Säitewiessel huet Frankfurt sech da fir déi gutt éischt Hallschent mat engem zweete Gol belount. Den Abraham stoung no engem Fräistouss um zweete Potto ganz eleng an huet just nach missen de Kapp dohinner halen, fir op 2:0 ze erhéijen. No knapps enger Stonn huet de McKennie dann no enger Virlag vum Schöpf op 1:2 verkierzt, ma sou e richtegen Opschwong huet d’Schalker Ekipp doduerch awer net krut. Frankfurt konnt d’Féierung iwwer d’Zäit bréngen a wënnt domat zum Schluss verdéngt géint Schalke, deen elo säit 14 Matcher ouni Victoire bleift.

Leverkusen - Köln 2:1
1:0 S. Bender (7'), 2:0 Havertz (40'), 2:1 Bornauw (59')

De 5. Corner bannent den éischte 7 Minutten huet Leverkusen am Derby fréi a Féierung bruecht. De Sven Bender konnt seng Foussspëtzt op déi richteg Plaz halen an domat op 1:0 stellen. D’Werkself huet weider de Match bestëmmt an ass ëmmer nees geféierlech virun de géigneresche Gol komm. Kuerz virun der Paus stoung den Havertz no engem schéinen Zesummespill op der richteger Plaz an huet an der 40. Minutt de méi wéi verdéngten 2:0 markéiert.

Am zweeten Duerchgang huet Köln sech vu senger anerer Säit gewisen. Fréie Pressing huet Leverkusen ënner Drock bruecht a sou ass de Gäscht an der 59. Minutt den Uschlossgol gelongen, wéi de Bornauw no engem Corner mam Kapp aus kuerzer Distanz den 1:2 markéiert huet. Köln huet et weider probéiert, ma an der 83. Minutt huet den Diaby mat sengem Gol zum 3:1 alles kloer gemaach. Zum Schluss bleift et bei deem Resultat a sou séchert sech Leverkusen net nëmmen d’Victoire am Rheinderby, ma och dräi wichteg Punkten an der Course ëm d’Champions-League-Plazen.

Dortmund - Mainz 0:2
0:1 Burkardt (34'), 0:2 Mateta (49')

Dortmund hat an der Ufanksphas méi Ballbesëtz Opweises an huet sou d’Mainzer Ekipp déif an déi eegen Hallschent gedréckt, déi ouni de Leandro Barreiro an de Match gestart ass. Zimmlech iwwerraschend ass de Gäscht dann an der 34. Minutt a Féierung gaangen. De Baku huet de Ball vun der Säit op den éischte Potto bruecht, wou de Burkardt ganz fräi mam Kapp aus kuerzer Distanz op 1:0 setze konnt. Dortmund huet weider gemaach an eng Äntwert gesicht, ass no 45 Minutten awer mat engem Réckstand an d’Paus gaangen.

Kuerz nom Säitewiessel ass de Piszczek dem Mateta am Strofraum op de Fouss getrëppelt, nodeems de Bürki e Schoss vun de Mainzer net festhale konnt. Den Arbitter hat keen anere Choix wéi op Eelefmeter ze entscheeden a sou huet de Mateta vum Punkt op 2:0 erhéicht. De Leandro Barreiro ass an der 75. Minutt op den Terrain komm a konnt vun do u senger Ekipp hëllefen. Dortmund hat zwar méi de Ball, ma d’Mainzer Ekipp stoung immens disziplinéiert sou dass et keen Duerchkomme fir d’Lokalekipp ginn ass. De No 90 Minutten ass de Match da mat deem Resultat op en Enn gaangen a sou geléngt Mainz d’Iwwerraschung zu Dortmund. Fir déi Mainzer sinn dat 3 ganz wichteg Punkten an der Lutte géint den Ofstig. Bei nach 2 Matcher wou ze spille bleiwen hu si als 15. e Virsprong vu 5 Minutten op Düsseldorf, déi aktuell an d’Relegatioun missten, a 6 Punkten op Bremen, déi op enger direkter Ofstigsplaz stinn.

Leipzig - Düsseldorf 2:2
1:0 Kampl (60'), 2:0 Werner (63'), 2:1 Skrzybsky (87'), 2:2 Hoffmann (90+2')

Augsburg - Hoffenheim 1:3
0:1 Dabbur (59'), 0:2 Dabbur (62'), 1:2 Vargas (70'), 1:3 Bebou (90')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Coppa Italia

Neapel - Juventus 0:0 (4:2 n.E.)

Déi éischt Minutten hunn der Ekipp vu Juventus gehéiert, déi den Toun uginn huet an de Ball ënner Kontroll hat. Mat der Zäit huet awer och Neapel an de Match fonnt, ma sou eng richteg gutt Golchance ass dobäi net erauskomm. Déi bescht Chance op d’Féierung hat dann och Neapel, wéi den Insigne an der 24. Minutt mat engem schéine Fräistouss aus ronn 20 Meter de Potto getraff huet. Alles an allem war et awer eng ausgeglachen éischt Hallschent, déi no 45 Minutten ouni Gol op en Enn gaangen ass.

Ween an der zweeter Hallschent d’Hoffnung op e bessere Match hat ass leider enttäuscht ginn. Juventus huet sech immens schwéier gedoen an och Neapel hat bis op e gudde Schoss vum Politano, deen de Buffon paréiere konnt, net all ze vill Opweises. Zum Schluss hin hätt sech Neapel awer ëmmer méi den 1:0 verdéngt. An der 92. Minutt ass de Maksimovic mat der leschter Chance vum Match zum Kappball komm, ma nees war et de Buffon dee mat engem exzellente Reflex de Gol verhënnert huet.

No der regulärer Spillzäit ass et also an d’Eelefmeterschéisse gaangen, wat Juventus zemools hirem Golkipp ze verdanken hat. An och hei huet sech gewisen, dass d’Ekipp aus Turin net hire beschten Dag erwëscht huet. Zum Schluss setzt sech Neapel mat 4:2 no Eelefmeter duerch a wënnt domat d’Finall vun der Coppa Italia géint Juventus.

Premier League

Aston Villa - Sheffield 0:0

Manchester City - Arsenal 3:0
1:0 Sterling (45+2'), 2:0 De Bruyne (51'), 3:0 Foden (90+1')

No der laanger Paus an der Premier League hu béid Ekippen hir Zäit gebraucht fir an de Match ze fannen, sou dass et an den éischten 30 Minutten zu kenge richtegen Héichpunkte komm ass. Virun der Paus huet Manchester City dann den Tempo erhéicht a konnt sech virum géigneresche Strofraum festsetzen. An der zweeter Minutt vun der Nospillzäit ass dann awer nach ee Gol am éischten Duerchgang gefall. Den De Bruyne huet de Ball an d’Mëtt bruecht, wou de Sterling ugelaf komm ass an d’Féierung fir d’Lokalekipp markéiert huet.

4 Minutten no der Paus huet den David Luiz dann déi Rout Kaart gesinn, wéi hien de Mahrez am Strofraum vun hanne gezunn, an domat eng kloer Golchance verhënnert huet. Den De Bruyne ass ugetrueden a konnt per Eelefmeter op 2:0 erhéijen. Am weidere Spillverlaf huet Manchester City weider de Match bestëmmt a fir Arsenal ass et mat engem Spiller manner um Terrain drëms gaangen net nach méi héich ze verléieren. Ronn 10 Minutte viru Schluss ass et dann nach zu enger Schrecksekonn komm, wéi de Garcia frontal mam eegene Golkipp aneneegerannt ass. No enger Behandlungspaus vu ronn 10 Minutte ass den Defenseur vu Manchester City an d’Spidol gefouert ginn. An der 91. Minutt huet dann nach den agewiesselte Foden op 3:0 erhéicht an domat definitiv den Deckel op d’Partie gemaach.

Zum Schluss wannen d’Haushäre verdéngt mat 3:0 géint Arsenal a sou muss sech Liverpool mam Championstitel op mannst nach ee Spilldag gedëllegen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

La Liga

Eibar - Atheltic Bilbao 2:2
0:1 Garcia (8'), 1:1 Kike (19'), 2:1 Orellana (78'), 2:2 Villalibre (81')

Valladolid - Celta Vigo 0:0

Osasuna - Atlético Madrid 0:5
0:1 Joao Felix (27'), 0:2 Joao Felix (56'), 0:3 Llorente (79'), 0:4 Morata (82'), 0:5 Carrasco (88')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO