SchwammenNei Lëtzebuerger Rekorder duerch d'Maud Allar

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum International Swim Cup zu Péiteng huet d'Lëtzebuergerin nei Beschtzäiten iwwer 50 an 100 Meter Broschtschwamme realiséiert.
© FLNS

D’Maud Allar huet iwwer 50 Meter no 33 Sekonnen an 81 Honnertstel ugeschloen a war domadder 5 Honnertstel méi séier wéi d’Jil Einhorn am Joer 2014. Iwwer d'100 Meter ass d’Schwëmmerin an enger Zäit vun 1 Minutt 12 Sekonnen a 96 Honnertstel ukomm. Do war d’Lëtzebuergerin ganzer 62 Honnertstel méi séier wéi d’Aurélie Waltzing am Joer 2010. D’Qualifikatioun fir de European Youth Olympic Festival (EYOF) an d’Jugend-Europameeschterschaften huet d’Maud Allar domadder och gepackt.

Bei den Hären ass de Rémi Fabiani iwwer 50 Meter Fräistil an enger Zäit vu 55 Sekonnen a 56 Honnertstel just 2 Honnertstel iwwert sengem eegene Lëtzebuerger Rekord bliwwen.

De Ralph Daleiden-Ciuferri ass d'100 Meter Fräistil an enger gudder Zäit vu 50 Sekonnen an 28 Honnertstel geschwommen.

Back to Top
CIM LOGO