FLF deelt matNei Saison an der BGL Ligue soll den 23. August ugoen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Mëtteg huet d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun matgedeelt, wéini déi nei Saison soll ugoen.

Den 23. August wäert de Futtball an der ieweschter Divisioun hei am Land nees ugoen, dat huet d’FLF e Mëttwoch matgedeelt.

Eng Woch drop ass dann den Optakt an den ënneschten Divisiounen.

Dëst ass eng provisoresch Decisioun vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun, et hofft een, nom Exekutiv-Meeting vun der Uefa de 17. Juni een detailléierte Kalenner kënnen op d’Been ze stellen.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO