
Den éischten Asaz vun deenen neien Tricoten ass de 4. Juni an der Nations League auswäerts a Litauen.
Déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet de Produzent gewiesselt. Neie Sponsor ass Errea. De Kontrakt leeft bis 2026. Den italienesche Sportartikelproduzent war scho vun 2004 bis 2008 fir d’Gezei vun der FLF responsabel.