Eigentlech hätt den Tournoi Enn Oktober 2020 säi 25. Gebuertsdag sollte feieren, dat wäert dës Saison awer nogeholl ginn. D’Organisateure vun der IWPT hunn an de leschte Woche a Méint alles dru gesat, fir Informatioune vun der WTA iwwert den Datum vun der nächster Editioun vum Tournoi ze kréien. Mä dat war awer bis elo net esou einfach.
De leschte offizielle Ballwiessel, deen op der Kockelscheier gespillt gouf, war de Matchball vum Jelena Ostapenko, déi sech de 20. Oktober 2019 an der Final vum WTA-Tournoi géint d’Julia Goerges duerchgesat huet. 2020 sollt eigentlech gefeiert ginn. Déi 25. Editioun vum Tournoi sollt grouss opgezunn ginn, mä de Coronavirus huet der Organisatioun vun der IWPT e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. D’Dan Maas, d’Jacqueline Olsem an d’Sylvie Reiland hunn ni opgehalen un der nächster Editioun ze schaffen. An déi soll en neie Datum kréien. Dat hofft een mol bei der IWPT.
Déi lescht 15 Méint waren net einfach fir d’Organisateuren an awer bleiwe si weider optimistesch. An déi Ongewëssheet wäert och an de nächste Wochen net ganz verschwannen. An egal ewéi déi sanitär Situatioun evoluéiert, et muss ee sech bei der IWTP wieder upassen.
Mat e bësse Chance hofft ee Mëtt September den WTA-Tournoi rëm op der Kockelscheier organiséieren ze kënnen. Bis dohinner bleift awer nach vill Aarbecht, zemools, well kee ka wëssen, wéi et genee weider geet. Mä d’Organisateure vun der IWPT hoffe ganz einfach, dass et des Joer endlech erëm klappt.