Liichtathletik: ChampionnatNeien nationale Rekord fir de François Graillet

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 110 Meter Hecken huet de Lëtzebuerger 13 Sekonnen an 79 Honnertstel gebraucht.
Resumé vum Liichtathletik-Championnat
Iwwer 110 Meter Hecke huet de François Graillet en neie nationale Rekord opgestallt.

D’Patrizia Van der Weken ass net nëmmen déi séierst Fra vu Lëtzebuerg, mä och déi eenzeg Lëtzebuerger Athletin, déi sech bis elo fir d’Olympesch Spiller zu Paräis qualifizéiert huet. Am Géigesätz zu deenen anere Sportler, brauch d’Sprinterin sech net méi op d’Juegd no Worldrankingspunkten oder op d’Erreeche vun enger direkter Qualifikatiounszäit ze maachen. De Chrono vun 11 Sekonne 45 Honnertstel an de Serien war um Sonndeg Niewesaach. D’Wieder huet an der Finall net matgespillt.

De François Graillet hat Chance, datt hien nach just ier d’Wieder changéiert huet, iwwert d’Hecke fléie konnt. Mat 13 Sekonnen an 79 Honnertstel huet den Athlet vum CSL en neien nationale Rekord iwwer d'110 Meter Hecken opgestallt.

D’Victoria Rausch hat Pech, dass d’Wieder ëmgeschloen ass an huet misse waarden, ier d’Course vun den 100 Meter Hecke iwwert d’Bün goe konnt.

D’Vera Hoffmann hat sech mat enger 8. Plaz op der Indoor-Europameeschterschaft iwwert d'1.500 Meter an der europäescher Spëtzt etabléiert. D’Athletin vum Celtic huet och Paräis am Viséier. Um nationale Championnat sinn et souwuel Punkte fir de Worldranking, fir d’Plaz an der Course, wéi och fir d’Performance ginn.

De Pacemaker huet seng Aarbecht gutt gemaach an et ass en exzellente Chrono vu 4 Minutten 8 Sekonnen an 58 Honnertstel erausgesprongen. An der selwechter Course huet d’Elena Lopes eng nei perséinlech Beschtzäit bei den U16 opgestallt.

Iwwer déi véier Athlete respektiv Athletinne Grethen, Bertemes, Van der Weken an Hoffmann kann d’ Liichtathletiksfamill houfreg sinn.

Allerdéngs muss een och analyséiere wat hannendru kënnt, an do gesäit et am Ament net esou roseg aus. Op de Mëttelstrecke kann ee nach berouegt an d’Zukunft kucken. An de Sprongdisziplinne ginn et nach eng ganz Réi national Rekorder, déi säit Joren oder Joerzéngte bestinn.

De jonke Glenn Lassine ass e Liichtbléck. De 16 Joer ale Sportler huet de Championstitel iwwer 200 Meter bei de Seniore gewonnen a gouf Vizemeeschter am Dräisprong. An dëser Disziplin hat de jonken Athlet viru Kuerzem en neien nationale Rekord vun den U18 an den U20 opgestallt. Dat ass bemierkenswäert, wann e bedenkt, dass hien dat ganzt lescht Joer wéinst enger Blessur net trainéiere konnt. Och am Wäit- an am Héichsprong war de Lassine am Asaz.

An der nächster Zäit gëtt et mam internationale Meeting zu Schëffleng e weidere wichtegen internationale Rendez-vous.

Back to Top
CIM LOGO