LiichtathletikNeien nationale Rekord vum François Grailet

RTL Lëtzebuerg
De François Grailet ass beim Indoor-Meeting zu Louvain-la-Neuve iwwer 60 m Hecken en neie Lëtzebuerger Rekord gelaf.
© FLA / Facebook

Um Samschdeg war de François Grailet beim Indoor-Meeting an der Belsch am Asaz. Bei dëser Participatioun konnt de 27 Joer ale Lëtzebuerger Liichtathlet de Lëtzebuerger Rekord iwwer 60 m Hecken aus dem Joer 2007 vum Claude Godart knacken (8,03 Sekonnen). Mat senger Performance vu 7,89 Sekonnen konnt de François Grailet déi al Beschtzäit ëm 14 Honnertstel ënnerbidden.

Back to Top
CIM LOGO