
Direkt am éischte Versuch huet de Bob Bertemes d’Bomm op 21 Meter a 6 Zentimeter gestouss an de Meeting a senger Disziplin gewonnen.
Den ale Rekord aus dem Joer 2019 louch bei 21 Meter an 3 Zentimeter. Dee Rekord hat den CA-Bieles-Athlet deemools beim Meeting zu Potsdam an Däitschland realiséiert.