
Esou huet den amtéierende Super-Bowl-Gewënner knapps géint d’Detroit Lions verluer, d’Cincinnati Bengals sinn zu Cleveland ënner d’Rieder komm, Tampa Bay huet zu Minnesota iwwerraschend gewonnen an d’Rams hunn däitlech géint Seattle gewonnen.
Cowboys woussten hirersäits am meeschten ze iwwerzeegen. D’Ekipp ronderëm de Quarterback Dak Prescott huet 40:0 géint d’New York Giants gewonnen. Hei war et awer virun allem d’Defense, déi ze iwwerzeege wousst.
E richtegt Spektakel gouf et zu Los Angeles, wou d’Miami Dolphins 36:34 géint d’Chargers gewonnen hunn. Op Säite vu Miami war et ee richteg staarke Match vum Quarterback Tua Tagovailoa an dem Wide Receiver Tyreek Hill, iwwerdeems et bei den Chargers besser am Lafspill funktionéiert huet, wou Ekeler a Kelley et der Defense schwéier gemaach hunn.
E Méindeg den Owend ass nach de Match tëscht de Buffalo Bills an den New York Jets.
Detroit Lions - Kansas City Chiefs 21:20
Carolina Panthers - Atlanta Falcons 10:24
Houston Texans - Baltimore Ravens 9:25
Cincinnati Bengals - Cleveland Browns 3:24
Jacksonville Jaguars - Indianapolis Colts 31:21
Tampa Bay Buccaneers - Minnesota Vikings 20:17
Tennessee Titans - New Orleans Saints 15:16
San Francisco 49ers - Pittsburgh Steelers 30:7
Arizona Cardinals - Washington Commanders 16:20
Green Bay Packers - Chicago Bears 38:20
Las Vegas Raiders - Denver Broncos 17:16
Miami Dolphins - Los Angeles Chargers 36:34
Philadelphia Eagles - New England Patriots 25:20
Los Angeles Rams - Seattle Seahawks 30:13
Dallas Cowboys - New York Giants 40:0