
Mat fënnef Victoiren am Réck sinn d’Eagles op New York bei d’Jets gereest, déi bis ewell just zwou vun hire 5 Partië gewanne konnten. D’Eagles konnte sech zu engem Ament e 14:3-Avantage erausspillen, ma hir Offense, déi bis ewell staark opgetrueden ass, konnt keng Punkte méi op d’Board bréngen. Et war d’Defense vun den Jets, déi si zu Feeler gezwongen huet an hirer Ugrëffsekipp doduerch d’Aarbecht méi einfach konnt maachen. Mat just engem Touchdown a véier Fieldgoals geléngen hinnen 20 Punkten, wat duergaangen ass, fir dës Partie ze decidéieren.
Am Ufank vum zweete Véierel waren d’49ers nach bei de Browns 10:0 vir. Ma dono huet d’Ekipp aus Cleveland lues awer sécher opgeholl an am drëtte Véierel d’Partie esouguer gedréint. De 49ers ass 9 Sekonne viru Schluss e Fieldgoal aus 41 Yards net gelongen. Doduerch verpasse si et, de Match a leschte Sekonn nach eng Kéier ze dréinen, an d’Browns wannen d’Partie knapp awer net onverdéngt mat 19:17.
Aktuell gutt a Form sinn d’Detroit Lions. Mat just enger Néierlag aus fënnef Matcher si si op Tampa gereest a kruten et mat de Bucs ze dinn, déi däitlech besser an d’Saison gestart sinn, wéi erwaart. Et war en defensiv gepräägte Match, bei deem d’Verdeedeger aus Detroit et awer fäerdegbruecht hunn, just zwee Fieldgoals zouzeloossen. Hinne selwer sinn zwee Touchdowns an zwee Fieldgoals gelongen, esou datt si d’Partie 20:6 fir sech decidéieren.
Eng knapp 20:17-Victoire gouf et am “Monday Night Game” fir d’Cowboys auswäerts bei den Chargers. Et war eng serréiert Partie, déi am leschte Véierel decidéiert gouf, nodeem d’Ekippen dëse beim Stand vun 10:10 ugefaangen hunn. D’Cowboys hate kuerz viru Schluss duerch e Fieldgoal op 20:17 erhéicht. Dono huet hir Defense gehalen a konnt esouguer knapp 90 Sekonne virum Ofpëff eng Pass vum Herbert op de Gilmore offänken an domadder de Sak beim Stand vun 20:17 zoumaachen.
Broncos - Chiefs 8:13
Ravens - Titans 24:16
Commanders - Falcons 24:16
Vikings - Bears 19:13
Seahawks - Bengals 13:17
49ers - Browns 17:19
Saints - Texans 13:20
Colts - Jaguars 20:37
Panthers - Dolphins 21:42
Patriots - Raiders 17:21
Lions - Buccaneers 20:6
Cardinals - Rams 9:26
Eagles - Jets 14:20
Giants - Bills 9:14
Cowboys - Chargers 20:17