Volleyball: SilverleagueNéierlage fir d'Lëtzebuerger Dammen an Hären

RTL Lëtzebuerg
Souwuel bei den Damme wéi och bei den Hären ass et fir d'FLVB-Formatiounen e Samschdeg näischt ze huele ginn.
© Screenshot

An der Silverleague am Volleyball huet d’Lëtzebuerger Dammennationalekipp och hire zweete Partie verluer. Fir d’FLVB-Formatioun gouf et e Samschdeg de Mëtteg am Gymnase vun der Coque eng 0:3-Defaite géint Israel. D’Lëtzebuergerinnen hunn iwwer wäit Strecke gutt mam Géigner matgehalen, ma um Enn konnte si sech kee Saz sécheren an hunn dës misse mat 23:25, 19:25 an 22:25 ofginn.

2 Néierlage fir FLVB-Dammen an der Silverleague
D’Lëtzebuergerinnen hu sech am Gymnase vun der Coque zweemol misse mat 0:3 géint d’Slowakei an Israel geschloe ginn.

Bei den Hären ass et owes fir d’Lëtzebuerger Nationalekipp och näischt ze huele ginn. Am Match géint Ungarn hu si trotz engem gudden éischten an drëtte Saz mat 20:25, 16:25 an 22:25 um Enn de Kierzere gezunn.

FLVB-Formatioun mat Néierlag géint Ungarn
Den Tim Laevaert seng Karriär an der Nationalekipp geet lues awer sécher op e Enn.

Back to Top
CIM LOGO