Operatioun néidegNeymar fält fir de Rescht vun der Saison aus

RTL Lëtzebuerg
De brasilianesche Futtballspiller gëtt an deene nächsten Deeg am Katar um rietse Knéchel operéiert a feelt déi nächst dräi vis véier Méint.
© AFP

Fir den Neymar ass d’Saison 2022/2023 gelaf. De brasilianesche Superstar vu Paris Saint Germain hat sech den 19. Februar am Championnatsmatch géint den OSC Lille blesséiert a muss elo um rietse Knéchel operéiert ginn. Den Agrëff wäert déi nächst Deeg zu Doha am Katar duerchgefouert ginn. De Neymar wäert déi nächst dräi bis véier Méint ausfalen. Domat feelt hien dem PSG och e Mëttwoch am Retourmatch vun der Aachtelsfinall an der Champions League beim den FC Bayern München. Den Allersmatch haten d’Münchener zu Paräis mat 1:0 gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO