Et ass offiziellNeymar wiesselt a Saudiarabien bei Al-Hilal

RTL Lëtzebuerg
De Brasilianer wiesselt domadder als nächste Futtball-Superstar a Saudiarabien.
© AFP

Den 31 Joer alen Neymar wiesselt vum franséische Champion Paris Saint-Germain bei Al-Hilal a Saudiarabien. Dat hu béid Veräiner en Dënschdeg den Owend matgedeelt.

Wéi laang dem Neymar säi Kontrakt a Saudiarabien geet, gouf offiziell net matgedeelt. Medieberichter no soll de Futtballer e Kontrakt vun zwee Joer kritt hunn. De Brasilianer kéint e Samschdeg am Match géint Al-Fayha déi éischte Kéier fir säin neie Veräin um Terrain stoen.

Den Neymar schléit domadder den nämmlechte Wee a wéi de Cristiano Ronaldo, de Karim Benzema, de Sadio Mané an aner Staren. Och si waren dëse Summer an d’Saudi Pro League gewiesselt. Dës hat den Transfertsmaart mat massiven Investitioune staark beaflosst.

Back to Top
CIM LOGO