Australeschen Tennis-StarNick Kyrgios ass dofir, d'Australian Open ofzesoen

RTL Lëtzebuerg
De Grand Slam zu Melbourne soll u sech de 17. Januar 2022 ugoen. Dem Kyrgios no misst een d'Australian Open awer aus Respekt virun den Awunner ofsoen.

Ech denken net, datt d’Australian Open solle gespillt ginn, schonn eleng wéinst de Mënschen zu Melbourne. Wéi laang goung de Lockdown do? 275 Deeg oder esou?”, sot de 26 Joer ale Profi-Spiller en Dënschdeg a sengem Podcast “No Boundaries”.

Weider huet de Kyrgios dem Novak Djokovic de Réck gestäipt, dat obwuel hien d’Nummer 1 vun der Welt an der Vergaangenheet dacks kritiséiert hat. De Premierminister vum Bundesstaat Victoria hat erkläert, datt ongeimpfte Spiller keng Ausnamegeneemegung géinge kréien, fir anzereesen. Doduerch ass eng Participatioun vum Titelverdeedeger Djokovic a Gefor.

Ech sinn duebel geimpft, mee ech fannen et net richteg, een ze zwéngen, sech impfen ze loossen an ze soen: Du kanns hei net spillen, well s du net geimpft bass”, sot den Australier an huet mat deeglechen Tester eng Alternativ zur Impfung genannt.

De Sportminister vum Bundesstaat Victoria, de Martin Pakula, huet dem Kyrgios iwwerdeems widdersprach a gesot, datt d’Mënsche vu Melbourne, eigentlech all d’Australier hongereg wieren no groussen Eventer.

Back to Top
CIM LOGO