
E Sonndeg war et am Lëtzebuerger Futtball d’Suite vun den 1/32-Finallen an der Coupe de Luxembourg. Mam Progrès Nidderkuer an der Union Titus Péiteng hu sech zwee Veräiner aus der BGL Ligue an déi nächst Ronn geziddert.
De Progrès huet no Eelefmeterschéisse mat 8:7 géint CeBra aus der 1. Divisioun gewonnen. An d’Eelefmeterschéissen huet och Péiteng missen. Um Enn hu ee sech awer nach mat 6:5 géint Keel/Téiteng aus der 1. Divisioun duerchgesat.
Fir eng Iwwerraschung huet d’Fiels aus der 3. Divisioun gesuergt. Mat 1:0 huet ee Mäertert/Waasserbëlleg aus der Éierepromotioun eliminéiert. Eraus ass dann och Berbuerg aus der Éierepromotioun. Mat 0:1 huet ee géint Kielen (D1) verluer.